Fir 2017 nëmmen dat Best!

wënscht Iech die ganz Equipe vun Majerus Parmentier

Heimadder wënscht Iech d’ganz Equipe vu Majerus Parmentier fir 2017 Nëmmen dat Best a freet sech op eng weider flott Zesummenaarbicht!

 Fir eis wor 2016 rëm ee spannend Jaar mat Neiegkeeten souwuel um Niveau vun eiser Opstellung, wéi och um Niveau vun eisen Servicer.

Ganz frou si mer, dat mer duerch d’Grënnung vun Majerus Parmentier Intérieurs mat Fokus op Buedzëmmer-Pläettercher-Haustechnik-Handwierksobjeten nach méi individuell a geziilt op Är spezifësch Besoin’en an der Finitioun vun Äerem Neibau oder Äerer Renovatioun agoë kënnen.

 Ausserdeem hu mer am Laaf vun 2016 eis Gebailechkeeten vergréissert an kënnen sou, zesummen mat eisen Partner, iwwert die nächst Jaaren wuessen an weider Arbichtsplaatzen fir eis Regioun sécheren.

Um Niveau vun der Leedung vun eiser Entreprise, déi biswell aus engem Associé unique bestanen hut, hu mer d’Chance, mat eisem laangjährigen Matarbichter Manuel Geimer, Verstäerkung als Associé fonnt ze hunn. Mat engem geziilt méi jonken Partner un der Seit, wollte mer d’Spëtzt vun eisem Betrieb kloer diversifiéiren, fir esou zesummen an eng laangfristeg Zukunft vun eisem Handwierk kënnen ze investéieren.

***

Déi traditionnell Chrëschtkadoen hu mir och dest Jaar rëm duerch een Don ersat, den des Kéier un d’ASBL „Rumänesch Kanner an der Nout“ geet.

Am Südwesten vu Rumänien, enger Regioun am Käer vun Europa, déi an den haitegen Deeg gäeren a den Vergiess geréit, këmmert sech des Asbl zanter 1991 em vernoléissegt Kanner mat geziilter Ënnerstëtzung um Niveau vun Grondernährung, Basisausstattung, medizinëscher Versuergung an Educatioun. (Rumänesch Kanner an der Nout asbl, siège social: 34, rue E. Kowalsky, L-9253 Diekirch, christian.lamy@education.lu)

  • Fir 2017 nëmmen dat Best!