Joyeux Noël et bonne année!

Amplaz vun engem Cadeau de fin d'année, Spend un d'Asbl Een Häerz fir Kriibskrank Kanner.

D’ganz Equipe vu Majerus Parmentier vun Housen wënscht Iech all Guddes fir dat neit Joer a freet sech op eng flott Zesummenaarbicht 2018.

Och an Zukunft wëlle mir weider an der Regioun eis nohalteg Ziler erreechen an als regional Entreprise eis wirtschaftlech a sozial Responsabilitéiten huelen.

Dofir si mir frou, matdeelen ze kënnen, dat mer och 2017 weider nei Aarbechtsplazen um Site 25 op der Héi schafen konnten, an dat mer keng Mataarbechter verluer hunn, ausser deem éischten, den vun Ufank un dobäi war, an den eis elo a seng wuelverdingten Pensioun verléisst.

An dësem Kontext ee spezielle Merci net just un eisen éischten Pensionnaire, mee och un all di aner Mataarbichter, déi Majerus Parmentier ausmaachen, fir hiren alldeeglichen Engagement an hiert perséinlecht Abréngen an d’Traditioun vum Handwierk.

Zesummen mat hinnen wäerte mir eis och weider den Defi’en am Handwierk stellen, an aktiv an d’Innovatioun an déi nei Technologien investéieren, fir och nach muer gutt do ze stoen.

Naicht maachen a keng Decisiounen huelen ass ëmmer ee Réckschrëtt, innovéieren heescht avancéieren, och am Handwierk!

Mir verspriechen, dat mir och 2018 weider Decisiounen huelen wäerten, an dat am Sënn vun eisen Mataarbichter, am Sënn vun eiser regionaler Verankerung, fir de Bien vun jidderengem!

Jean-Luc MAJERUS a Manuel GEIMER 

***

Di traditionell Cadeaux de fin d’année, ersetze mir och des Kéier erëm duerch een Don fir ee gudden Zweck.

Et leit eis dëst Joer ganz besonnesch um Häerz, dësen Don der Asbl Een Häerz fir Kriibskrank Kanner ze stëften.

  • Joyeux Noël et bonne année!